oli.lu e-Learning Platform News

Nei App Screenshots a Beispiller vun Aarbechtsblieder

28. Juni 2021, von morzino

Vun elo un si fir all wichteg Apps Screenshots a Beispiller vun Aarbechtsblieder online, sou datt een d'Méiglechkeete vun der Plattform a vun den eenzelnen Apps direkt gesäit:

http://oli.lu/​examples/​apps/​

Zousätzlech erschénge Beispiller elo och direkt nom Login an den Newsfeeds vun den eenzelne Benotzer.

Doriwwer eraus goufen d'Multiplikatiouns-Tabellen an d'Stellentafeln komplett iwwerschafft.

Vill Spaass mam Update wënscht
Deng Equipe vum Oli

8 nei Apps fir Sproochen ze léieren an ze üben

21. Juni 2021, von morzino

Insgesamt 8 nei Léierapps sinn elo am Beräich "Sproochen" online. All Apps hunn Accès op déi integréiert Wuertlëschten (Däitsch, Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch) souwéi op d'Bildwierderbuch, an als Enseignant kanns du och eege Wuert- a Vokabellëschten erstellen.

Bal all Apps kënne souwuel Online-Übunge wéi och dréckbar Aarbechtsblieder am PDF-Format generéieren, an d'Astellunge kënne gespäichert a mat Schüler als Exercice gedeelt ginn.

Hei d'Lëscht mat de neien e-Learning Apps:

1. Schreif Sätz (Sätze mit dem Wortschatz)
2. Wierder bei d'Biller schreiwen
3. Wuert a Bild verbannen
4. Wortsalat (Buchstawe si vertosch)
5. Wierder fannen
6. Richteg oder falsch?
7. Kreuzworträtsel
8. Ausgeschnidden & pechen

All App an all Online Exercice kann elo och mat anere Benotzer iwwer e QR Code gedeelt ginn, a Kaarten mat QR Code kënnen och als PDF Dateie generéiert ginn.

Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli

Neien Design fir Aarbechtsblieder, nei Schoulschrëft

15. Juni 2021, von morzino

Aarbechtsblieder ginn elo an engem neien, faarwege Design generéiert, sou datt d'Blieder an d'Exercicer déi op Oli erstallt goufen elo vill méi attraktiv ausgesinn. Wochepläng ginn elo och faarweg erstallt, an e Schülerbild oder eng Foto kann och bäigesat ginn.

D'Faarfoptioun ka selbstverständlech fir all generéiert Dokument ausgeschalt ginn, Korrektiounsblieder gi par défaut ouni Design generéiert.

Desweideren bidde mir elo eng integréiert Schoulschrëft un, déi elo schonn a verschiddenen e-learning Apps verfügbar ass.

Vill Spaass mam Update
Deng Equipe vum Oli

1.300+ nei Biller am Bildwierderbuch

3. Juni 2021, von morzino

Haut hu mir e groussen Upgrade an eisem Bildwierderbuch installéiert, iwwer 1.300 nei Biller goufe bäigesat. Et ginn domat elo iwwer 2.800 Biller am Wierderbuch, sou dass dat elo eng vun de gréisste Sammlunge vu fräi notzbaren edukative Biller weltwäit ass.

D'Biller sinn direkt iwwer d'Suchmaschinne vun der Plattform zougänglech, a se kënnen och a ville vun eisen Tools an e-Learning Apps benotzt ginn. Eise Suchmotor fënnt Biller a verschiddene Sproochen, an et ass souguer méiglech ganz Sätz ze analyséieren.

Vill Spaass mam Update!
Deng Equipe vum Oli

Nei pädagogesch Spiller: Solitaire (Klondike) a Labyrinth

20. Mai 2021, von morzino

Déi nei Web-Apps "Solitaire" a "Labyrinth" sinn elo online. Mat "Solitaire" kann een dat populärt "Solitaire / Klondike" Spill elo direkt op der Plattform spillen, während d'App "Labyrinth" 30 Level an 3D ubitt, déi een exploréiere kann.

Vill Spaass mam Update!
Deng Equipe vum Oli